Den decken Hond

Den decken Hond... een Thema, wat mir extrem um Häerz läit,well et wierklech vill Hënn ginn, déi ze deck sinn. An desst ass wierklech alles anescht wei gutt fir den Hond. Dax heescht et „en huet jo awer nëmmen 1 kg ze vill”. Ma et muss een bedenken, dass  1 kg bei engem Hond deen zbspl 4 kg weien soll, awa ¼ vum Soll-Gewiicht ass, wat en ze vill huet. Wann een dat heischtrechent, dann ass dat sou wei wann e Mënsch deen 80kg weie sollt, der awer 100kg huet.

Wei fannen ech eraus op mäin Hond ze deck ass? Ma dat ass unsech ganz einfach: Als alleréischt muss ee mol éierlech mat sech selwer sinn. Wann een d'Hand op de Kierper leed, soll een, ouni vill Drock, d'Rëpper litt spieren. An jo, dat ass och méiglech bei Hënn mat vill Pelz. Ass dat net de Fall, dann ass den Hond ze deck! Et gëtt sécherlech keen, deen säin Hond iwerfiddert, well en dem Hond schlecht wëll, au contraire, déi meescht mengen et gutt, dem Hond hei e Leckerli an do eng Schänki oder e Stéck Brout ze ginn. Dat ass och alles schéin a gutt, mee da sollt

a) een wéinstens oppassen wat een dem Hond gëtt (et ginn souwuel Kichelcher, wei och Schanken mat wéineg Fett), an

b) muss een dat awer dann och vum Fudder ofrechnen.

Meeschtens heiert een "e kritt awer net vill Fudder". Um Fudder läit et meeschtens och net, virausgesat, et gëtt een dem Hond déi Quantitéit Fudder fir dat Gewiicht, wat e soll hunn, an NET vir dat Gewiicht wat en aktuell huet!

Heescht: wann den Hond 10 kg soll weien, en der awer aktuell 12kg huet, da muss em Fudder op 10kg rechnen.

Mee wei schonns erwähnt, läit et meeschtens net um Fudder, mee un deem ronderëm... Ech roden de Leit ëmmer, mol een Dag ze "testen" wat se hirem Hond nach sou niewebäi ginn, andeems een déi nämlech Quantitéit an eng Schossel maachen. Dat heescht: 1 Kichelchen an den Hond an 1 an d'Schossel. Do wonnert een sech um Enn vum Dag, wat alles zesummenkënnt. Déi meescht Leit sinn sech nämlech net bewosst, weivill dat heiansdo ass...

Wat also maache wann den Hond dann elo ze deck ass?

Als éischt mol kucken, wat dat aktuellt Fudder wierklech ass (wat ass alles dran, wéi héich ass de Fettgehalt etc.). An ganz wichteg: ginn ech mengem Hond och déi richteg Quantitéit?  Eventuell d’Fudder wiesselen, wann d’Fudder net passt. Vill Leit zecken do well se mengen, den Hond hätt dat „neit“ Fudder net gären. Wann een sech gutt beroden léisst, kritt ee verschidde Fudder virgeschloen, an et fënnt sech meeschtens eppes, wat den Hond dann och frësst a verdréit.

An dann ass et wei beim Mënsch och: mei Beweegung! Wat net heescht, dass ee mat sengem iwwergewiichtegen Hond vun haut op muer soll Marathon lafen… Well och do ass et wei beim Mënsch, all Kilo ze vill geet op d’Gelenker. Also am beschten d’Saach lues ugoen, an all Dag e bëssi mei wäit spadséieren goen.

Retour au blog